Radioen

On air

Espresso Beats  |  Get Well Soon - Eulogy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain-Kris: Nëmme wéineg Impakt op Finanzplaz Lëtzebuerg

Sanktiounen

Ukrain-Kris: Nëmme wéineg Impakt op Finanzplaz Lëtzebuerg

Mat der Ukrain-Kris an dem Risiko vu weidere Sanktioune géint Russland stellt sech och d'Fro vum Impakt op déi Lëtzebuerger Ekonomie an op d'Finanzplaz. Vereenzelt gi sech Suerge gemaach: dat gëllt virun allem fir Lëtzebuerger Industriebetriber wéi ArcelorMittal, Guardian oder Paul Wurth.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Sanktioune kéinten zum Beispill Siderurgiesprojete vu Paul Wurth-SMS a Russland an an der Ukrain direkt betreffen. Vun do heescht et dann och, datt een d'Situatioun géif observéieren.

0,31 Prozent vun der Gesamtzomm kéint betraff sinn

2020 huet Lëtzebuerg e Gesamtvolume vu 598 Milliounen Euro a Russland exportéiert, dovunner 407 Milliounen Euro Wueren, an 191 Milliounen Euro Servicer, dovunner 35 Milliounen Euro Finanzservicer, sou den Steven Koener vun der Chambre de Commerce.

Lëtzebuerg ass zwar an de leschte Joren ee vun de gréissten Investisseuren a Russland ginn, dat läit awer an der Haaptsaach an der Natur vun der internationaler Finanzplaz. Sou gesäit de Marc-André Bechet vun der ALFI hei kee groussen direkten Impakt.

Lëtzebuerger Fongen, déi a Russland investéieren, sief et an Aktien oder Obligatiounen, géifen eng 18 Milliarden Euro ausmaachen. Och wann dat no vill géif kléngen, sou wier dat awer nëmmen 0,31 Prozent vun der Gesamtzomm.

SWIFT: Sanktioune géifen och europäesch Firme betreffen

D'Finanzplaz war laang Zäit interessant fir russescht Kapital, mat East West Bank, Gazprombank, Alfa.Bank an RCB sinn och russesch Banken zu Lëtzebuerg aktiv.

Sanktiounen hätten hei awer wuel haaptsächlech en Impakt op Aktien an Obligatioune vu russesche Staatsentreprisen, an op d'Privatkapital vu Leit ronderëm de Wladimir Putin, sou den Nicolas Mackel vu Luxembourg for Finance.

Dee warnt iwwerdeems virum Blockage vum internationale Bezuelsystem SWIFT. "Dat muss ee sech zweemol iwwerleeën, well da sinn net nëmmen d'Russe betraff, mee och déi däitsch oder franséisch Entreprisen, déi Wueren a Russland verkafen an dann net méi bezuelt ginn."

Och den Nicolas Mackel schwätzt vun engem marginalen Impakt vun de russesche Finanzaktivitéiten am Kontext mat der Finanzplaz: hie schwätzt vun engem bis zwee Prozent vun den Aktivitéiten. Et wier also näischt, mat deem Lëtzebuerg steet oder fält.